top of page

Wichteg

Ech weisen Iech drop hinn, datt ech am Moment käng nei Klienten kann unhuelen an datt d'Waardelëscht komplett ass. Fir all aner Ufro, zéckt w.e.g. net de Kontaktformulaire um Enn vun dëser Säit ze notzen. Merci!

Wëllkomm

Dir fillt Iech de Moment mat den eegene Gefiller, Bezéiungen oder Erfarungen iwwerfuerdert oder huet schwéier Erfarunge gemaach, déi Dir wëllt opschaffen? Dir befannt Iech an engem Sënn- oder Liewenskris, oder wëllt Iech einfach de Raum a d'Zäit ginn, fir Iech mat den aktuellen Themen aus Ärem Liewen ze beschäftegen? Dann invitéieren ech Iech häerzlech, d'Méiglechkeet vun enger systemescher Psychotherapie ze consideréieren.

​

#mentalhealth - Nach ni, ass esou vill an esou oppen an der Ëffentlechkeet an och an de Medien iwwert mentaalt Wuelbefannen a psychesch Gesondheet geschwat wéi haut, mee et kascht nach ëmmer vill Mënsche vill Iwwerwannung fir Ënnerstëtzung an dësem Beräich ze sichen. De Wee bei e Psychotherapeut bei psycheschen Erausfuerderunge sollt an Zukunft esou selbstverständlech sinn, wéi de Wee bei den Dokter bei kierperleche Problemer.

​

D'Psychotherapie bitt e vertrauenswierdegen an en entspaante Kader, an deem ech Iech begleeden a ënnerstëtze kann, Är Themen ze behandelen an ze bewältegen. Mat Respekt, Éierlechkeet an enger Grëtz Humor, begleeden ech Iech. A menger Aarbecht spillt d'Approche vun der Systemik (der systemescher Therapie oder och Familljentherapie) eng wichteg Roll. Äert Erliewen, Är Gefiller an och Äert Verhale ginn dobäi ëmmer am Kontext vu Äre Bezéiungen an Ärem sozialen Ëmfeld gekuckt, mat enger wäertschätzender a ressourcenorientéierter Haltung betruecht.

​

Wann Dir Froen hutt oder un enger Psychotherapie interesséiert sidd, zéckt net, mech iwwer Telefon / SMS / WhatsApp (+352 621 464 807) oder iwwer E-Mail (contact@martine-goergen.lu) ze kontaktéieren.

Iwwer mech

No mengem Bachelor-Ofschloss 2013 zu Heidelberg, hunn ech mäi Masterstudium 2015 op der Universitéit vun Tréier ofgeschloss. Dono war ech an de Beräicher vun der pedagogeschen a Schoulpsychologie, sou wéi och am Beräich vun der „Aide à l’enfance“ zu Lëtzebuerg täteg. An der Zäit hunn ech och meng Ausbildung an der Systemescher (Familljen-)Therapie bei der SGST (Saarländische Gesellschaft für Systemische Therapie) ugefaangen, déi et mer 2019 erlaabt huet, als psychologesch Psychotherapeutin vum Lëtzebuerger Gesondheetsministère unerkannt ze ginn. 

Portrait 07.jpg

​

Meng Beruffserfarung huet et mer erlaabt gutt Kenntnisser am Beräich vun de Léierschwieregkeeten an de Léierstéierungen, esou wéi och de schoulesche Problemer ze sammelen.  Ech hunn ausserdeem e fondéiert Wëssen um Gebitt vun de Bindungsstéierungen an der Therapie dovun. An dëse Beräich hat ech d'Méiglechkeet mech ënnert anerem vum Johanne Lemieux an dem Prof. Dr. med. Karl Heinz Brisch weiderbilden ze loossen.

​

Ufank 2023 hunn ech mech decidéiert, meng eege Praxis opzemaachen an esou dat multidisziplinäert Team vum Therapie Zentrum Thinnes & Nguyen zu Nidderkuer ze verstäerken.

​

Niewent dem systemeschen Usaz, zeechent meng Aarbecht sech duerch Toleranz, Humor an Empathie aus. Fir mech ass et wichteg, ee Wee ze fannen am Ëmgang mat sengem Uleies, dee sech fir de Client richteg ufillt, egal wéi aussergewéinlech, dee Wee ass. Ech schwätze Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch a Franséisch. 

Meng Offer

Denkt w.e.g. drun, datt nëmme psychotherapeutesch Eenzelsëtzunge säit dem 01.02.2023 vun der CNS rembourséiert ginn. Paartherapeutesch a familljentherapeutesch Sëtzunge ginn NET iwwerholl. D'Käschte fir esou Sëtzunge muss de Client selwer droen. Eng Psychotherapie am Eenzelsetting kann nëmme vun der CNS iwwerholl ginn, wann eng Ordonnance vum Dokter virläit. Weider Informatioune fannt Dir op
Psychotherapie - Versicherte - CNS - Luxembourg (public.lu)

Méiglech Theme fir eng Psychotherapie kënne sinn:

  • Stress

  • Burn-Out

  • Ängscht

  • Depressiounen

  • Zwangsstéierungen

  • Sucht

  • Trauer a Verloscht

  • Trauma

  • Verhalensstéierungen

  • aggressiivt / gewalttätegt Verhalen

  • Schoulproblemer

  • Problemer vun der Identitéit

  • etc.

weißer Stuhl

Psychotherapeutisch
Eenzelsëtzungen

An enger individueller Psychotherapie kann Äert perséinlecht Uleies zesummen duerch den Asaz vu verschiddene psychotherapeutesche Methoden an Techniken geschafft a Schwieregkeete bewältegt ginn. D'Uläss fir eng Psychotherapie kënnen villfälteg sinn.  Ech si systemesch Familljentherapeutin a mäi Spezialgebitt si Bindungsstéierungen an d'Behandlung dovun, mee meng Offer ass awer net dorop limitéiert.  Allgemeng ass Psychotherapie eng Offer fir all Mënsch, deen sech mat schwierege Gefiller, Bezéiungen oder Evenementer wëll oder muss ausernee setzen. Eng Therapie kann hëllefen, Erlieftenes ze verschaffen a bitt Ënnerstëtzung a schwierege Liewenskrisen.

Image by Pablo Heimplatz

Psychotherapeutesch
Sëtzunge fir Koppelen

Paartherapie konzentréiert sech a ville Fäll drop, d'Bezéiung an d'Kommunikatiou zwëschen zwee Partner ze verbesseren. Mir schaffen zesummen drun, negativ Muster an Ären Interaktiounen z'erkennen an ze änneren, Konflikter ze léisen an déi emotional Bedürfnisser vun all Partner besser ze verstoen an ze befriddegen. Eng Paartherapie ka sënnvoll sinn, wann et oft zu Ausernanersetzunge kënnt an déi riskéieren z'eskaléieren. Och an Zäiten, an deenen d'Bezéiung duerch bestëmmten Evenementer belaascht gëtt, kann eng Paartherapie eng Ënnerstëtzung bidden. Net ze vergiessen: Eng Paartherapie kann och hëllefräich sinn, fir eng Trennung ze begleeden.

Image by Caleb Jones

Psychotherapeutesch 
Familljesëtzungen

Eng Familljentherapie, oder eng familljentherapeutesch Interventioun, ass besonnesch dann hëllefräich, wa Konflikter, Verännerungen oder mental Problemer net just eng eenzeg Persoun, mee e ganze Familljesystem betreffen. Heibäi gi Familljememberen oder wichteg Bezuchspersoune mat abezunn. Et kann an ënnerschiddleche Konstellatioune geschafft gi fir Léisungen ze fannen, déi d'Ressourcen an d'Bedürfnisser vun all de Betraffene mat abezéien. Heibäi kënnen Eenzelsëtzunge mat de jeeweilege Familljememberen nëtzlech sinn, oder awer och d'Aarbecht mat der Elterekoppel. Flexibel a kreativ, kann esou gekuckt ginn, wat sech am Prozess fir d'Famill als sënnvoll an hëllefräich erweist.

Hu Dir nach Froen?

198E, rue Pierre Gansen
L-4570 Niederkorn

(+352) 621 464 807

Är Noriicht gouf verschéckt!

bottom of page